Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Partager via un média social

 

Contactez nous:

walfermusek@gmail.com

Grënnung vun der Walfer Musek:

Eise geschichtlechen Wee en Detail: hei klicken 

De 14. Februar 1912 ass d'Walfer Musek an d’Liewe geruff gin. Bei der éischter Versammlung de 15. Februar 1912 haten 25 Unhänger vun der Musek sech zesummegesat an deen éischte Comité gewielt. Präsident war de Jean Wolff an Dirigent war den L. Wigleb, deen och nach Member vun der Harmonie des Caves E. Mercier & Cie war. 

 

 Mee-Kranz 1920

 Mee Kranz 1920

 

1919

1919

 

 

 

Den 8. Oktober 1913 huet de Comité eng Demande bei der Großherzogin Marie-Adelaïde gemaach fir der Walfer Musek folgenden Numm ze gin : Marie-Adelaïde – Fanfare von Walferdingen.

Mat engem Schreiwen vum 30. November 1913 huet d'Großherzogin hiren Accord gin.

De 26. Juni 1921 hunn d'Großherzogin Charlotte an de Prënz Felix d´Musek an d

e SchlasGrand-Duchesse Marie-Adélaïdespark op Colmar-Berg invitéiert fir en öffentleche Concert ze spillen. 


Am Joer 1924 huet de Comité fir 6.750 Frang e Gebei kaf fir e Musekssall anzeriichten, deen och mat vill Hëllef vun de Musikanten an och der Gemeng zustane komm ass. 

 

 

 

 

Grënnungsmemberen Nic Arendt; Jean Fisch; Henri Ewen; Pierre Audrey; Jean Lamesch ( de gche à dr )

 

 

1930

 

Am Joer 1937 ass d’Walfer Musek dun och an der UGDA als Member opgeholl gin. De 4. Juli 1937 ass dat 25jähregt Jubiläum gefeiert gin. 

 

 

25jähregt Jubiläum

25 jähregen Jubiläum.

 

Den 23. September 1945 huet d’Musek hiere Fändel erëmkritt, deen am Krich beschlagnahmt gi war. An och an deem Joer huet d'Prinzessin Marie-Adelaïde, Niece vun der 1924 verstuerwener Großherzogin, d'Patronat vun der Walfer Musek ugeholl. 

 

Verdun - 1938

Verdun 1938

 

1949 hun d’Musikanten hier éischt Uniforme kritt. 


1962 ass dann dat 50jähregt Jubiläum gefeiert gi mat engem Gala-Concert an engem neie Fändel.

 

Comité organisateur 50e anniversaire

Comité organisateur 50e anniversaire.

 

 

1962

1962

 

Den 28. Dezember 1968 ass eisen neie Museksall ageweit gin. 

No dem Jumelage vun der Gemeng mat Schmittshausen (D), Longuyon (F) a Limana (I) war d’Musek och an deene Gemenge präsent, wann et e Fest ze feiere gouf. 

 

 

Rucky Zuckie Band 1978

Rucky-Zucki band 1978

 

 

Am Joer 1983 huet d'Musek di éischt Schrëtt fir en Harmonie-Ensembel gemaat. 

 

1983 um Wee zur Harmonie mam Nico Eich

1983 um Wee fir eng Harmonie mam Nico Eich

 

Am Mai 1987 sin dann 75 Joer gefeiert gin an aus der Fanfare ass eng Harmonie gin. 

 

1987

 

 

 

 Walfer Schlassbléiser 1987

 

Walfer Schlassbléiser 1987. 

 

 

 Gala-Concert 1990

 Gala-Concert 1990

 

 

honoration ( 140 Joer decke Blech !)
Emeringer Nicky, Ludivig Mich, Koster René ( lenks no rechts)

 

Honoration ( 140 Joer decke Blech) Emeringer Nic, Ludiwig Mich, Koster Renék

 

 

Gala Concert 1995

Gala-Concert 1995

 

 

2001

 

 

 

2012 -100 Joër

100 Joër Walfer Musek

 

 

Organisationscomitee 100 Joër

Organisationscomitee 100 Joër: