Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Partager via un média social

 

Contactez nous:

walfermusek@gmail.com

Journée de la commémoration nationale:

Cette journée salue la solidarité et le courage du peuple luxembourgeois pendant l’occupation nazie et invite toute la nation à se rappeler des victimes de la Seconde Guerre mondiale.

 

                   Proklamatioun vun der Regierung

Zënter méi wéi siechzeg Joer appelléiert d’Regierung all Joer un d’Lëtzebuerger fir am Oktober un d’Affer vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg ze denken. Dëst Joer ass dat net anescht. Am Krich hunn d’Lëtzebuerger eng exemplaresch Solidaritéit gewisen a sech agesat fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun hirer Heemecht ze retten. No der Liberatioun hu si sech, Joer fir Joer, am Oktober versammelt fir un déi ze denken, déi d’Geschicht vum Land dodurch markéiert hunn, datt si hiert Liewen op d’Spill gesat hunn, fir datt Lëtzebuerg nees kéint a Fridden a Fräiheet liewen.

Den 10. Oktober 1941 huet den Okkupant all eenzelne Lëtzebuerger virun d’Fro vun enger Annexioun un Däitschland gestallt. Jiddereen huet misse schrëftlech seng Iwwerzeegung um "Zusatzfragebogen zur Personenstandsaufnahme" dokumentéiren. "Dräimol Lëtzebuerg" war no laangem Hin an Hier d’Parole vun der Resistenz gewiescht an eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger huet op déi kriddlech Froen no Nationalitéit, Mammesprooch a "Volkstum" dräimol "Lëtzebuerg" geschriwwen.

Nach kee Joer méi spéit gouf mat rouder Tënt d’Geschicht vu Lëtzebuerg weidergeschriwwen. D’Reaktioun vun de Lëtzebuerger op d’Aféierung vun der Wehrpflicht, de Generalstreik, huet Ufank September 1942 eenanzwanzeg Männer d’Liewe kascht. Vun do un hunn d’Gestapo an d’SS nëmmen nach mat Terror regéiert. D’Jugend huet op de Schluechtfelder en héije Bluttzoll bezuelt an dat an enger Uniform, déi hinnen opgezwonge war, a fir e Land an eng Ideologie, déi si gehaasst hunn. Eis jüddesch Matbierger, déi d’Land net verlooss haten, waren du scho bal all an d’Ghettoen an d’Vernichtungslagere verschleeft ginn. Kaum ee vun hinne koum vun do erëm heem. D’Bombardementer, d’Liberatioun an duerno d’Ardennenoffensiv hunn ënner der Zivilpopulatioun eng ganz Rëtsch weider Affer gefuerdert. 4400 Doudeger hunn nom Krich den Éierentitel "Morts pour la patrie" kritt.

Un all dës Doudeg, mee och un déi, déi blesséiert goufen um Kierper an an hirer Séil, wëlle mer haut denken an eis virun hinne vernäipen. Durch hiert Affer stong Lëtzebuerg an enger Rei mat deenen aneren Alliéierten, a keen huet seng Onofhängegkeet a Fro gestallt. Dorëms ass et gaang. D’Lëtzebuerger hunn a schwéierer Zäit net gezéckt, dem Okkupant d’Stir ze bidden.

Dat sollte mer haut, wou et eis esou gutt geet wéi nach ni virdrun, bedenken a respektéieren. Och haut si mir de Resistenzler an allen Affer vum Nationalsozialismus e grousse Merci schëlleg fir dat wat sie geleescht an erlidden hunn. Doduerch datt mir si net vergiesse suerge mer och duerfir datt am vereenten Europa Fridden a Fräiheet geséchert bleiwen.

Lëtzebuerg, de 6. Oktober 2007

D’Membere vun der Regierung

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Fernand Boden, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Lucien Lux, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Jean-Louis Schiltz, Nicolas Schmit, Octavie Modert

(communiqué par le ministère d'État)


Fier méi ze wessen: link "seconde guerre mondiale"

Politique d'utilisation des cookies

Ce site utilise des cookies pour stocker des informations sur votre ordinateur.

Acceptez-vous l'utilisation des cookies ?