Ufängerorchester
D'Zil vun "Da Capo Musica" ass et, jonk Musikantinnen a Musikanten op hiren Asaz am groussen Orchester virzebereeden. D'Ufänger-Musikantinnen a Musikanten kënnen an engem Orchester mat anere Jonken zesumme spillen, déi déi selwecht Passioun deelen. Eng Participatioun ass méiglech schonn nom zweete Joer Instrument. No e puer Joer an Da Capo Musica ginn déi jonk Musikantinnen a Musikanten an déi grouss Musek integréiert.
Den Orchester ass och op fir manner jonk Leit, déi hiert Instrument no enger laanger Paus erëm auspake wëllen oder déi frësch mat engem Instrument ugefaangen hunn.
Da Capo Musica bitt eng exzellent Geleeënheet, fir sech musikalesch ze entwéckelen, nei Frëndschaften ze knäppen an Deel vun enger ënnerstëtzender Gemeinschaft ze ginn. Zesumme schaffe mir un engem variéierte Repertoire, de vu klassesche bis zu moderne Stécker reecht, a mir bidde reegelméisseg Geleeënheeten, fir dat, wat mir geléiert hunn, ëffentlech ze presentéieren.
D'Prouwe sinn ëmmer Freideg vun 19:00 bis 19:45 Auer am Centre Princesse Amélie zu Walfer.