Wärend eiser alljärlecher Generalversammlung hu mir vill vun eise Musikantinnen a Musikante fir hir 5, 10, 20 a 50 Joer Matwierken an der Walfer Musek geéiert a felicitéiert.
Mir soen eisen Dirigente Steve Schleich a Sarah Palm (Da Capo Musica) villmools Merci fir hir Aarbecht an hiren engagéierten Asaz dëst Joer.
E grousse Merci geet och un eise President, Sekretär an éischten Trompettist, Fred Ferron, deen d'Walfer Musek - op d'mannst fir de Moment - aus gesondheetleche Grënn verloosse muss. Mir wënschen him eng gutt Besserung. Dem Fred seng Bäiträg fir d'Walfer Musek sinn onschätzbar, an hie wäert eis vill feelen.