Ënnerstëtzt d'Walfer Musek mat engem Don vu 50 € a wielt e Museksstéck aus eisem Program eraus. Ären Don hëlleft eis deelweis d'Onkäschten ze bezuelen - wéi z.B. Onkäschte vum Concert, Revisiounen / Reparature vun den Instrumenter, Uniformen an all aner Fonctionnementskäschten.
Wann Dir wëllt en Don maachen, kënnt Dir dat bis den 10.12.2025 mat enger Iwwerweisung op follgende Kont : CCP LU10 1111 0248 6432 0000. Dir kënnt och via Payconiq bezuelen. Et ass wichteg dass Dir als Bénéficiaire follgendes ugitt : HARMONIE GRAND DUCALE MARIE ADELAIDE A S B L (ouni Bindestrëch, Accenter oder Punkten; loosst een espace tëscht de Buschtawen jeweils bei "asbl"). Schreift w.e.g. de Numm vum Stéck dat Dir erauswielt dran, genee wéi och Äre Numm. E grousse Merci.