Nationalfeierdag gëtt all Joer den 23. Juni gefeiert. Zu Walfer fannen d'Festivitéiten den Owend virdrun, den 22. Juni, statt.
Traditioun
Zënter dem Enn vum 18. Joerhonnert ass et Traditioun zu Lëtzebuerg, den Gebuertsdag vum regéierende Grand-Duc ze feieren. Ënner der laanger Herrschaft vun der Groussherzogin Charlotte (1919-1964) gouf dëse Festdag am Wanter gefeiert, den 23. Januar, hirem Gebuertsdag. 1961 gouf decidéiert, d'Feierlechkeeten aus klimatesche Grënn op den 23. Juni ze verréckelen. Dëst ass bis haut onverännert bliwwen, och nom Trounwiessel op de Groussherzog Jean 1964 an de Groussherzog Henri 2000. En Arrêté grand-ducal vum 23. Dezember 1961 huet dës Ännerung offiziell gemaach.
Feierlechkeeten
An der Stad fänken d'Feierlechkeeten den Owend virdrun, den 22. Juni, mat engem Fakelzuch virum Groussherzogleche Palais un. Den Owend errécht säin Héichpunkt mat engem Freedefeier vun der aler Bréck (Pont Adolphe) aus, dat Dausende vu Spectateuren unzitt. Den 23. Juni geet et weider mat enger offizieller Zeremonie an der Präsenz vun den Autoritéiten, dem Te Deum an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg an der Militärparad op der Avenue de la Liberté.
Och déi aner Gemengen am Land organiséieren hir eegen Feierlechkeeten. All Stad an Duerf feiert op seng eege Manéier mat Zeremonien, Concerten a lokale Festivitéiten. Zu Walfer ass d'Feier mat Cortège, offizieller Zeremonie am Centre Culturel an Te Deum an der Kierch ëmmer den 22. Juni. D'Walfer Musek hëllt all Joer un de Festivitéiten zu Walfer deel.