Dirigent(in) gesicht
Mir sichen eng engagéiert Dirigentin oder en engagéierte Dirigent fir eisen Jugendensemble Da Capo Musica, spéitstens ab September 2026.
Eise Jugendensembel besteet aus ronn 25 jonke Musikantinnen a Musikanten, déi mat vill Motivatioun a Freed zesumme musizéieren
D’Prouwe fanne freides vun 18h45 bis 19h45 zu Walfer statt.
Als Dirigent(in) hues du eng wichteg Roll: Du begleets d’Musikanten an hirer musekalescher Entwécklung a schaafs eng harmonesch Transitioun vum Jugendensembel an déi grouss Musek. Nieft der musikalescher Aarbecht geet et eis och ëm Teamgeescht, Engagement a Freed um gemeinsame Musekmachen.
Wat mir eis wënschen:
- Freed un der Aarbecht mat Jonken
- Interessi um aktive Veräinsliewen
- Gutt Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Sprooch Motivatioun, Verantwortung ze iwwerhuelen an eise Jugendensembel weiderz'entwéckelen
Interesséiert?
Da schéck deng Kandidatur bis spéitstens den 26.04.2026 un: walfermusek@gmail.com .Mir freeën eis drop, zesumme mat dir d’Zukunft vun eisem Jugendensembel ze gestalten.