E Samschdeg, de 25. Januar 2025, huet d'Assemblée Générale vun der Walfer Musek stattfonnt.
Musekerinnen a Museker souwéi Memberen aus dem Walfer Schäfferot a Gemengerot hunn sech am Proufsall vun der Musek versammelt.
Am Kader vun der Versammlung goufen déi wichtegst Evenementer vum vergaangene Joer virgestallt, zukünfteg Projete presentéiert, déi finanziell Situatioun detailléiert erkläert, a verdéngte Membere fir hiren Engagement an Asaz geéiert.
Eent vun de wichtegsten Themen op dëser Generalversammlung war d'Ofstëmmung iwwer déi nei Statuten, déi noutwenneg sinn, fir d'Harmonie un déi aktuell gesetzlech Bestëmmungen unzepassen.
D'Generalversammlung ass mat engem gemittlechen Zesummesinn ofgeschloss ginn, wou d'Participanten d'Geleeënheet haten, sech auszetauschen an op e verspriechend neit Joer unzestoussen.