E Samschdeg, de 24. Januar 2026, huet d'Assemblée Générale vun der Walfer Musek stattfonnt.
Musekerinnen a Museker souwéi Memberen aus dem Walfer Schäfferot a Gemengerot hunn sech am Proufsall vun der Musek versammelt.
Am Kader vun der Versammlung goufen déi wichtegst Evenementer vum vergaangene Joer virgestallt, zukünfteg Projete presentéiert, déi finanziell Situatioun detailléiert erkläert, a verdéngte Membere fir hiren Engagement an Asaz geéiert.
D'Sarah Palm krut Merci gesot fir seng laangjäreg Joren als Dirigentin vun Da Capo Musica.
D'Generalversammlung ass mat engem gemittlechen Zesummesinn ofgeschloss ginn, wou d'Participanten d'Geleeënheet haten, sech auszetauschen an op e verspriechend neit Joer unzestoussen.


