E Freideg 19. Mee um 19:00 huet d'Walfer Musek zesumme mam Jugendorchester Da Capo Musica ënnert der Leedung vum Sarah Palm de Kannerconcert "DETEKTIV ALLEGRO" am Centre Prince Henri präsentéiert.
Dëse Concert huet sech un d'Kanner aus de Coure vum éveil musical, der formation musicale an hier Elteren geriicht. Op dësem Wee konnte si di verschidden Instrumenter aus dem Orchester kenneléieren. D'Geschicht war folgend: D'Kanner sollte mat Hëllef vum Detektiv Allegro Museksnouten erëmfannen déi verschwonne waren. D'Kanner goufen aktiv mat an der Sich no den Nouten abezunn.
Nom Concert konnten d'Kanner di virgestallten Instrumenter probéieren.