D'Harmonie Grand-Ducale Marie Adélaïde (Walfer Musek) zielt ongeféier 40 aktiv motivéiert Musikanten/-innnen vun all Alter. Mir sinn en Orchester zesummegesat aus Holz- a Blechbléiser, souwéi Perkussioun.
Ueschtert Joer sinn ons traditionell Manifestatioune onsen Gala Concert am Fréijoer, onse Crëschtconcert am Dezember, den Hämmelsmarsch, d'Buergbrennen, den 1. Mee, den Te Deum fir Nationalfeierdag an d'Journée Commémorative. Zousätzlech spille mir och auswäerts vun der Gemeng Concerten.
Op eisem Programm stinn ëmmer eng Variatioun vu verschiddene Musekstiler. Vu klassesch bis modern sinn ënnert anerem Film-, Musical-, Pop- a Rockmusek an onsem Repertoire.
Fir eis Nowuesstalenter, an fir déi, déi motivéiert sinn eent ze ginn, hu mir Da Capo Musica, onsen Ufänger-Orchester.
Prouwen fir Musek an den Ufängerorchester sin emmer Freides. Fir déi grous Musek vun 20:00 bis 22:00, fir den Ufänger-Orchester vun 19:00 bis 19:45.
Jiddereen den an eiser flotter Equipe matmaache wëll ass häerzlech wëllkomm! Zéckt net ons ze kontaktéieren!