FAQ

Huel dir nei Musekanten un?

Natierlech, jiddereen ass wëllkomm! Bei Interesse einfach op walfermusek@gmail.com mellen.

Huel dir all Instrumenter?

Mir bestinn aus Holz- a Blechbléiser, souwéi Perkussioun (Méi Informatiounen >). En anert Instrument? Bei Interesse einfach op walfermusek@gmail.com mellen.

Wat ass wann ech net gutt genuch sinn?

Komm einfach emol an eng Prouf laanscht probéieren! Am beschten am Viraus mellen op walfermusek@gmail.com.

Wat ass wann ech mir einfach net sécher sinn?

Komm einfach emol an eng Prouf laanscht probéieren! Am beschten am Viraus mellen op walfermusek@gmail.com.

Wou sinn äer Prouwen?

Um 2te Stack am Centre Princesse Amélie zu Walfer niewent der Gemeng, méi Informatiounen >.

Wéini ass äeren nächste Concert?

Ënner News > a Kalenner > fënns du aktuell Informatiounen zu onsen Terminer.

Verlount dir Instrumenter?

Jo! Méi Informatiounen: Location >.

Ech spille keen Instrument mä wëll iech ënnerstëtzen. Wat kann ech maachen?

Mir sinn ëmmer frou iwwer all finanziell Ënnerstëtzung. Mir sichen och ëmmer Leit déi eis bei der Organisatioun an Ëmsetzung vun Evenementer hëllefen: am beschten am Viraus mellen op walfermusek@gmail.com.