Onsen alljärleche Chrëschtconcert fënnt e Sonndeg, de 14. Dezember, um 16:00 Auer zu Walfer an der Kierch statt. De Jugendorchester Da Capo Musica gëtt dirigéiert vum Sarah Palm. D'Walfer Musek steet ënner der Leedung vum Chris Schleck. Gebuede gëtt e villfältege Programm mat ënnert anerem dräi Gesanksolist*innen an e gudde Glühwäin nom Concert.
Detailer
Datum: Sonndeg 14. Dezember 2025
Zäit: 16:00 Auer
Plaz: Walfer Kierch
Entrée: Gratis!