E Freideg 17. Mee um 18:30 invitéiert d'Walfer Musek zesumme mam Jugendorchester Da Capo Musica ënnert der Direktioun vum M. Chris Schleck op de Kannerconcert "DETEKTIV ALLEGRO" am Centre Prince Henri zu Walfer.
Dëse Concert richt sech un d'Kanner aus de Coure vum éveil musical, der formation musicale an hier Elteren geriicht. Op dësem Wee kënne si déi verschidden Instrumenter aus dem Orchester kenneléieren. D'Geschicht ass folgend: D'Kanner solle mat Hëllef vum Detektiv Allegro Museksnouten erëmfannen déi verschwonne sinn. D'Kanner ginn aktiv mat an der Sich no den Nouten abezunn.
De Concert dauert ongeféier 1 Stonn. Nom Concert kënnen d'Kanner déi virgestallten Instrumenter probéieren.