E Mëttwoch 30. Abrëll um 18:30 Auer presentéiert d'Walfer Musek zesumme mam Jugendorchester Da Capo Musica ënnert der Direktioun vum Chris Schleck am Centre Prince Henri zu Walfer hier Instrumenter.
Dëse Concert riicht sech virun allem un d'Kanner aus de Coure vum éveil musical, der formation musicale an hier Eltere. Op dësem Wee kënnen si déi verschidden Instrumenter aus dem Orchester kenneléieren.
Nom Concert kënnen d'Kanner déi virgestallten Instrumenter probéieren.
Detailer
Datum: Mëttwoch 30. Abrëll 2025
Zäit: 18:30 Auer
Plaz: Centre Prince Henri, Walfer
Entrée: Gratis!