E Mëttwoch 22. Abrëll um 18:30 Auer presentéiert d'Walfer Musek zesumme mam Jugendorchester Da Capo Musica an der Form vun engem klenge Concert ënnert der Direktioun vum Chris Schleck am Centre Prince Henri zu Walfer hier Instrumenter.
D'Zil vun "Da Capo Musica" ass et, jonk Musikantinnen a Musikanten op hiren Asaz am groussen Orchester virzebereeden. Eng Participatioun ass méiglech schonn nom zweete Joer Instrument. No e puer Joer an Da Capo Musica ginn déi jonk Musikantinnen a Musikanten an déi grouss Musek integréiert. Den Orchester ass och op fir manner jonk Leit, déi hiert Instrument no enger laanger Paus erëm auspake wëllen oder déi frësch mat engem Instrument ugefaangen hunn.
Dëse Concert richt sech virun allem un d'Kanner aus de Coure vum éveil musical, der formation musicale an hier Eltere geriicht. Op dësem Wee kënne si déi verschidden Instrumenter aus dem Orchester kenneléieren. Nom Concert kënnen d'Kanner déi virgestallten Instrumenter probéieren.